Orga
LX7CG
Director of Engineering Operations and Tactical Logistics (DEOTL)
Kuerz Beschreiwung:
De DEOTL ass zoustänneg fir alles, wat schrauft, rullt, klickt oder funktionéiert – oder eben net funktionéiert an muss funktionéieren. Hie plangt, entwéckelt, koordinéiert an optiméiert technesch Opbau’en, Infrastrukturen a logistesch Prozeduren bei HoJu-Eventer a Missiounen. Vum Zeltemast bis zur Serververbindung – näischt entgeet sengem Radar.
Typesch Aufgaben:
Technesch Pläng an Ëmsetzung vun de Lageropbau’en
Leedung vu Crating- & Transportlogistik
Koordinatioun vu Geschier, Material an Asazekippen
Troubleshooting a Realzäit (mat Stirnlamp & Funkgerät)
Entwécklung vu smarter DIY-Léisunge mat Stil, Gaffa a Präzisioun
Motto:
„Wann et keen anere kann bauen – da maachen ech et selwer.“
LX3MFG
Logistics Marshal of the Realm (LMR)
Kuerz Beschreiwung:
De Logistics Marshal of the Realm suergt dofir, dass zur richteger Zäit um richtege Plaz genau dat ukënnt, wat gebraucht gëtt – och wann kee wousst, wou et iwwerhaapt war. Hien ass de Meeschter vun de Lagerlëschten, Kinnek vum Remorque-Tetris a geheimen Diplomat am Chaos vun de leschte Minutten.
Typesch Aufgaben:
Plangen a Kontrolléiere vun all Materialflëss (vu der Lagerkëscht bis bei d’Feldkichen)
Gestioun vum Transport, Lagerung an Zeréckféierung
Iwwerwaachung vum Inventar, Ausrüstungs- a Nofëlllëschten
Hëllef bei spontane Rettungsaktioune wéi „Wou ass dat 13er Schlëssel?“
Enk Zesummenaarbecht mam DEOTL fir eng zolitte Missioun
Motto:
„Uerdnung ass, wann ech se eleng verstoen.“
Funker
LX3MFG
LX1TMS
LX1HM
LX7CG