Ho-Ju op der Journée des Chefs
Den 14.09.2025 waren mir vu den Ho-Ju (HoGa Scouten & Guiden + Juppen von Esch) op der Journée des Chefs vun der FNELdobäi. 🎉
Mir hu kuerz eise Programm ronderëm den JOTA-JOTI virgestallt. Do hu mir gewisen, wéi een iwwer Funk a mam Internet Frëndschaften op der ganzer Welt kann opbauen 🤝🌐, a wéi vill Spaass et mécht, Technik a Spiller mateneen ze verbannen. 🚀
🎧📻 Mir freeën eis elo schonns op den JOTA-JOTI Weekend am Oktober – an hoffen, dass nach vill méi Leit dobäi sinn!